moien! hi! bonjour!
hallo! sziasztok!
  • Kommunikatiounsdesign
  • Grafik-Agence
  • Publicitéit
  • grafeschen Atelier
  • Konzepter op d‘Moos
  • jonk & kreativ Ekipp
  • Projete mat Perséinlechkeet
  • Lampertsbierg, Lëtzebuerg
  • lëtzebuergesch, français
  • deutsch, english, portguês
Kompetenzen

Visuell Identitéit

Kreatioun vu Logoen, hir entspriechend visuell Identitéit souwéi d’Charte Graphique fir eng gutt Visibilitéit an eng iwwerluecht a koherent Kommunikatioun.

Print & Editioun

Näischt ersetzt dem Pabeier säi Grain, seng Textur an déi simpel Freed e schéinen Objet an den Hänn ze halen – nieft der Wiel vum Pabeier, Format, Schrëften ... fir Informatiounen op eng adequat Manéier ze vermëttelen.

web-design

UX / UI (uiuiui ...) d‘Konzeptioun, eng Programmatioun op d‘Mooss, d’Online-Setzen an de Suivi vun Ären digitale Projeten – alles gëtt bei eis intern no Äre Besoine gemaach.

Lettrage & Beschëlderung

Vun engem individuelle Panneau bis zum komplette Leitsystem fir Äert Gebai, oder dem Lettrage fir eng Flott u Gefierer.

Animatioun & Video

E Charakter zum Liewen erwächen, e Message op eng lëschteg Manéier vermëttelen, iwwert digital Bannere kommunizéieren oder d’Produktioun vu Spots... Mir hu wat et brauch fir Iech an Äre Projeten ze begleeden!

Packaging

D’Kreatioun vu Verpakung fir all Zort Produit, Wäinetiketten, Poschen, genial an nëtzlech Kaddoen, ouni d’Ëmwelt ze vergiessen, fir d'Bild vun Ärer Firma am Beschten eriwwer ze bréngen.

Rezent Projeten
Referenzen