Philosophie

Aus engem jonke Kreativen ass eng Agence vu 7 (méi oder manner) jonken an (ëm sou méi) kreative Leit ginn.
Marc Wilmes Design ass haut eng full-service an onofhängeg Kommunikatiounsagence mat Grafikatelier.
Eis Grafiker an Entwéckler begleeden Iech gäre bei Ärem Projet a wäerte sech net virun enger Challenge scheien!

Marc Wilmes Design schafft souwäit et nëmme machbar ass mat lëtzebuerger Dréckereien zesummen. Mir uechten op eng héich Qualitéit, an d'Anhale vun Deadlines ass an eisen Aen eng Grondlag fir eng seriö Zesummenaarbecht mat eise Clienten.

Et ass eis och wichteg, datt d'Produite sozial korrekt a méiglechst ëmweltfrëndlech produzéiert ginn, och bei der Auswiel vun de Materialer ass d'Nohaltegkeet een Haaptkrittär fir eis.

D'Ekipp
Marc Wilmes founder & managing director | Dipl. Kommunikationsdesigner
Jeanne Hoffmann senior graphic designer | Communication Design B.A.
Ana Da Silva senior graphic designer | BTS Réalisateur Graphique
Jil Schmit graphic designer | Communication Design M.A.
alexia szylar graphic designer | Mastère direction artistique UX-UI
Attila Simon lead developer | Mediengestalter Web
elisa wehrhahn projectmanager | M.Sc. Human Computer Interaction
emile di domenico developer